Victoire fir de Sébastien Petit, Canio Marchione beschte Lëtzebuerger op Plaz 4
E Sonndeg ass zu Eschduerf déi traditionell Biergcourse gefuer ginn.
De Fransous Sébastien Petit huet e Sonndeg d'Biergcourse zu Eschduerf mat engem neie Streckerekord gewonnen. Hien huet sech virum Gewënner vun der Biergcourse zu Luerenzweiler Patrik Zajelsnik aus Slowenien an dem Bruno Cazzoli aus der Belsch behaapt. Als beschte Lëtzebuerger huet sech de Canio Marchione als Véierte klasséiert. Op d'Plaze fënnef a sechs sinn den Tommy Rollinger an den Dany Demuth gefuer.
Eréischt zanter der leschter Saison fiert den 30 Joer alen Dany Demuth op sengem Norma M20 FC, en Auto, dee virdru säi Papp pilotéiert huet. Ganz séier huet de jonke Pilot sech un de knapp 600 Päerd staarken Auto gewinnt. Zu Luerenzweiler war hie séier genuch, fir sengem Papp säi Streckerekord vun 2012 ze verbesseren, gouf awer nëmmen 2. am General. E Sonndeg wollt hien op en Neits vir matfueren a sech als beschte Lëtzebuerger klasséieren.
Den Tommy Rollinger war viru 14 Deeg quasi viru senger Hausdier nëmmen e puer Zéngtel méi lues wéi den Dany Demuth. De 45 Joer ale Pilot fiert schonn zanter 15 Joer Course. Op senger Osella-Zytek FA 30 mat 500 Päerd ass hie mat ganz realisteschen Ambitiounen op Eschduerf komm. Mat deene séierste Pilote kéint e wuel net mathalen, ma ëm de Podium wollt en awer kämpfen, sou de Rollinger am Virfeld vun der Course.
Einfach sollt et fir déi zwee Lëtzebuerger net ginn, well nieft séieren auslännesche Piloten och en anere Lëtzebuerger Pilot vir matgemëscht huet. De Canio Marchione op senger Revolt Honda NP01 Turbo war no deenen zwou éischte Manchen de beschte Lëtzebuerger op der véierter Plaz. Um Enn blouf hien dee séierste Lëtzebuerger als Véierten am Scratch. Direkt hannert him klasséiert sech den Tommy Rollinger als Fënneften an den Dany Demuth ass de Sechste ginn.
Spannend war et ëm d’Victoire vun dëser Biergcourse. Den Sébastien Petit, deen zanter 2018 de Streckerekord zu Eschduerf hält, war e Samschdeg am Training Beschtzäit gefuer an hat e Sonndeg an der 2. Manche säi Streckerekord vun 2018 nach emol verbessert. Hien konnt sech och an der 3. a leschter Manche géint d’Konkurrenz mat engem weidere Streckerekord wieren a gewënnt dës Biergcourse virum Patrik Zajelsnik op senger Nova Proto Honda NP01 Turbo, deen d’lescht Joer zu Eschduerf d’Nues vir hat. Drëtten um Podium gouf genee wéi d'lescht Joer de Belsch Bruno Cazzoli op engem quasi identeschen Auto.
Déi gutt organiséiert Biergcourse vun Eschduerf war op en Neits e Succès. Déi 127 Piloten aus siwen Natiounen hu flotten Automobilsport gebueden, esou dass déi vill Spectateure voll op hir Käschte komm sinn.