Bei Alpine ass den Teamchef Oliver Oakes iwwerraschend zeréckgetrueden. De Flavio Briatore iwwerhëlt seng Aufgaben.

F1-Insider hunn domadder gerechent, dass et beim "Alpine F1 Team" nom Grousse Präis vu Miami zu personelle Changementer géif kommen. Mee do gouf éischter iwwert ee Pilotewiessel spekuléiert, nämlech dass den Australier Jack Doohan säin Alpine-Cockpit verléiert an duerch den Argentinier Franco Colapinto ersat gëtt.
 
Um Dënschdegowend koum dann och eng Pressematdeelung vun Alpine, mee mat där Nouvelle haten déi mannste gerechent: Den Oliver Oakes huet als Teamchef  demissionéiert!
 
Den 43 Joer alen Britt hat eréischt am Juli 2024 de Posten als Alpine-Teamchef iwwerholl, nodeems den Alpine-Motorsportschef Bruno Famin sech aus dem F1-Projet zeréckgezunn hat.
 
Iwwert d’Grënn vum Oakes sengem Récktrëtt kann nëmme spekuléiert ginn. Mee wann ee liest, wéi seng Successioun gereegelt gëtt, huet ee warscheinlech schonn en Deel vun der Äntwert…

Flavio Briatore: elo och offiziell 1. Mann bei Alpine

Den Oliver Oakes soll nämlech net ersat ginn. De Flavio Briatore, dee bei Alpine bis elo eigentlech nëmme "sportleche Beroder" war, iwwerhëlt elo och offiziell d’Aufgabe vum Teamchef.
 
Schonn an der Vergaangenheet war evident, dass den Oliver Oakes net vill Pouvoir hat. A Wierklechkeet huet de Flavio Briatore d’Fiedem an der Fabrick vun Enstone gezunn.
Esou soll et och de 74 Joer ale Briatore gewiescht sinn, deen d’Mammenhaus dovunner iwwerzeegt huet, den eegene Renault-Motor falen ze loossen a vun 2026 u mat Mercedes-Power un den Depart ze goen.
 
De jovialen Italiener ass keen onbeschriwwent Blat an der Formel 1. Hie war schonn zweemol Teamchef zu Enstone, an huet all Kéiers Weltmeeschtertitele gesammelt: an den 90er Jore mam Michael Schumacher (wéi d’Ecurie nach Benetton geheescht huet), an an den 2000er Jore mam Fernando Alonso (deemools als Renault F1 Team).
 
2008 huet hie fir ee gréissere Skandal gesuergt, wéi hie beim Singapur-GP säi Pilot Piquet Jr. ugestallt huet, express en Accident ze bauen, fir dass den Alonso d’Course ka gewannen. No dësem "Crashgate" war de Briatore jorelaang "Persona non grata" an der Formel 1.