Souverän Victoire fir de Max Verstappen zu Monza
Fir den aktuelle Weltmeeschter war et déi drëtt Grand-Prix-Victoire an dëser Saison an déi éischt zanter knapp véier Méint.
Nodeems de Max Verstappen op Red Bull schonn e Samschdeg am Qualifying dee Séierste war, huet de Weltmeeschter och e Sonndeg de Grousse Präis vun Italien gewonnen. Den Hollänner huet sech kloer virun den zwee McLaren Lando Norris an Oscar Piastri behaapt. Den Hollänner hat eng Avance vu ronn 20 Sekonnen. Hannendrun hu sech de Charles Leclerc op Ferrari, den George Russell op Mercedes an de Lewis Hamilton op Ferrari klasséiert. Domadder sinn d'Top5 an der Reiefolleg ukomm, wéi se gestart sinn.
De Verstappen war um Depart net gutt fortkomm, den Norris hat sech niewent hie gesat, an et war oniwwersiichtlech ginn. Fir d'éischt war den Norris nieft d'Streck geroden, an der éischter Schikan huet de Verstappen dunn ofgekierzt an ass doduerch vir bliwwen. Gläich drop krut de Verstappen iwwer Funkt matgedeelt, den Norris nees laanschtzeloossen an eng Strof ze ëmgoen. Dat huet den Hollänner dunn och gemaach. Zwou Ronnen drop huet de Verstappen sech d'Féierung awer nees zeréckgeholl an ass sech eng kloer Avance erausgefuer.
Am leschten Drëttel vun der Course ass de RedBull-Pilot sech nei Pneue siche gaangen a war hannert déi zwee McLaren-Autoe vun Norris a Piastri zeréckgefall. Norris a Piastri ware kuerz viru Schluss awer och nach emol an d'Box gefuer, sou datt de Verstappen der Victoire duerno souverän entgéintgefuer ass.
Fir den Norris war de Stopp net optimal verlaf an huet Zäit verluer, sou datt hien hannert Verstappen a Piastri nees op d'Streck komm ass. De Piastri gouf vun de Responsabele vu McLaren gebieden, fir dem Norris déi zweete Plaz zeréckzeginn. Hie war domadder net averstanen, mä huet säin Teamkolleeg awer laanschtgelooss. Bis zum Schluss koum et zu kengem Iwwerhuelmanöver méi tëscht deenen zwee Piloten.
De Verstappen spillt trotz senger Victoire e Sonndeg als Drëtten an der WM-Wäertung den Ament keng Roll méi, bei de Rivalen an de Papaya-Autoen huet sech zu Monza wéineg gedoen. Den Norris huet säi Retard op de Leader Piastri ëm dräi Punkte verkierzt, huet awer weiderhin 31 Punkte Réckstand.
Zu Baku bei der nächster Course kéint sech McLaren schonn den Titel an der Constructeur-Wäertung sécheren. Si brauchen dofir zéngt Punkte méi wéi Ferrari.