Sprint-Debakel fir McLaren, Max Verstappen profitéiert

© AFP
E Samschdeg ass zu Austin d'Sprintcourse vum Grousse Präis vun Amerika gefuer ginn, bei där et fir McLaren net hätt kënne méi schlecht lafen.
Souwuel fir de WM-Leader Piastri, wéi och fir säi Verfollger Lando Norris, war et, ouni eege Schold, schonn an der éischter Ronn eriwwer. D'Victoire an domat aacht Punkten am WM-Klassement huet sech um Enn de Max Verstappen geholl, dat virum George Russell an dem Carlos Sainz, fir déi et jeeweils 7 a 6 Punkte ginn.
Weider an d'Punkte gefuer sinn donieft nach de Lewis Hamilton (5 Punkten), Charles Leclerc (4), Alex Albon (3), Yuki Tsunoda (2) an de Kimi Antonelli (1).
Resumé
Direkt nom Depart gouf et de grousse Schock fir McLaren. Duerch eng Kollisioun vum Nico Hulkenberg an der éischter Kéier géint den hënneschten Deel vum Piastri sengem Auto, huet deen onkontrolléiert säin Teamkolleeg Lando Norris aus der Course geholl. Souwuel fir de Britt, wéi och fir den Australier, ass et duerno net méi weidergaangen. Op d'mannst kuerz gegrinst huet un der Spëtzt sécherlech de Max Verstappen, dee vun deem ganzen Tëschefall verschount bliwwen ass an doduerch elo bescht Chancen hat, Punkten am WM-Klassement guttzemaachen. Nodeems de Safety Car an der fënnefter Ronn nees eragefuer ass, ass d'Sprintcourse mam George Russell op Zwee an dem Carlos Sainz op Dräi weidergaangen. Liicht Spill hat den Hollänner am Red Bull trotz dem Out vu béide McLaren awer net. Vun hannen huet den George Russell am Mercedes richteg Drock gemaach an et an der 8. Ronn bal gepackt, de Max Verstappen ze iwwerhuelen. Dee konnt seng Féierung am weidere Verlaf dann awer verdeedegen a fir déi nächst puer Ronnen e gewëssenen Ecart opbauen. Hie fiert um Enn als Vainqueur vun der Sprintcourse iwwert d'Arrivée a sammelt domadder aacht Punkte fir d'WM-Klassement. Hannendru war de Sprint-Podium fir de Russell an de Carlos Sainz, fir déi et jeeweils 7 a 6 Punkte goufen. Duerch eng Kollisioun tëscht dem Lance Stroll an dem Esteban Ocon ass d'Sprint-Course déi lescht dräi Ronne mam Safety Car op en Enn gaangen.
E Samschdeg den Owend geet et da weider mam Qualifying, bei deem et ëm d'Pole Position fir d'Course e Sonndeg geet. Dëse kënnt Dir vun 22.55 Auer u live op RTL ZWEE an am Stream op RTL Play an RTL.lu suivéieren.