WRC Rallye1. Plaz fir de Kalle Rovanperä bei der Rallye Kroatien

RTL Lëtzebuerg
Hien huet sech mat enger Avance vu 4 Sekonne virum Ott Tänak duerchgesat.
© AFP

An der Rallye Weltmeeschterschaft huet de Finn Kalle Rovanperä (Toyota) déi drëtt Manche vun der Saison gewonnen. Bei der Rallye Kroatien hat hien no 20 Speciallen eng Avance vu 4 Sekonnen op den Est Ott Tänak (Hyundai). Op de Podium ass nach den Thierry Neuville (Hyundai) gefuer. De Belsch hat e Réckstand vu knapp 2 Minutten an 30 Sekonnen.

Leader am General bleift de Kalle Rovanperä.

Back to Top
CIM LOGO