Autocross-EM2 Lëtzebuerger Piloten an den Top 10 vun der Course zu Prerov (CZE)

Andy Brücker
An der Autocross Europameeschterschaft war et e gelongene Weekend fir d'Lëtzebuerger Piloten. Am beschten aus der Affär gezunn huet sech de Kevin Peters.
© racpic

Hie gouf um Enn den exzellenten 2ten am Generalklassement vun der 4. Manche vun der Autocross-EM.

Déi 7. Plaz geet un de Kenny Reding.

Gewonne gouf d’Course vum Jakub Novotny, dee sech an der Finall konnt no der 1. Ronn géint de Kevin Peters déi 1. Plaz erkämpfen. Wéinst engem Accident gouf d’Final no 5 Ronnen ofgebrach an et ass bei deene Positioune bliwwen, woumat de Kevin Peters keng nei Attack op den Novotny konnt versichen. Plaz 3 goung un den Däitsche Markus Wibbeler.

PDF: Schlussresultat vun der Manche zu Prerov

Back to Top
CIM LOGO