
Am Qualifying war d’Team vum Olivier Grotz gutt gestart a si loungen tëschenduerch kuerzfristeg op der 2. Plaz. Beim leschte Qualifying an der Nuecht lounge se op Plaz 26, iwwerdeem d’Team vum Carlos Rivas op der 55 placéiert war.
Am kombinéierte Resultat vun de Qualifyingen kënnt d’Team vu GetSpeed mat der Startnummer 2 op déi 39. Plaz (N.Bastian/F.Scholze/O.Grotz/J.Pla).

Fir den Auto mat der Startnummer 61 (A.de Silva/C.Rivas/R.Harker/W.Bamber) ass et Plaz 56 vun 58.

PDF: Kombinéiert Resultat vun de QualifyingenE Freideg den Owend vun 19.50 bis 20.20 Auer gëtt d’Super pole gefuer.
Um Niveau vun de Spectateuren huet sech och nees sou munches geännert. Et muss ee keen negativen Test méi virweisen an et kann een och ronderëm de Circuit fräi zirkuléieren.
Den Depart vun der 24-Stonne-Course ass e Samschdeg um 16.30 Auer.