
Hie geet jo dës Saison op engem Aston Martin Vantage GT4 un den Depart an dëser Serie. Bei der 1. Manche zu Monza waren et jo direkt eng 3. an eng 2. Plaz an der Kategorie AM. Déi 2 Podiumen hat hien deemools dem verstuerwene Grand-Duc Jean dediéiert.
Zu Brands Hatch an England de 4. a 5. Mee ass et deemno nach besser gelaf. D’Ingenieuren hunn de Setup vum Auto nachemol verbessere kënnen, fir d’Ënnersteieren an de Grëff ze kréien.
De jonke Clement Seyler an de méi erfuerene Schwäizer Pascal Bachmann konnten de Maximum aus dem Aston Martin eraushuelen, fir um Enn vun den 2 Coursen ganz uewen um Podium ze stoen, dëst an hirer Kategorie AM.
Bei all Course hat de Clement Seyler dann och souzesoen ee “sportleche Pätter”, deen hie bei senge Coursen ënnerstëtzt. Zu Monza war dat de Grégoire de Mévius (fréiere Rallyepilot), an elo zu Brands Hatch war et de fréiere Formel-1-Pilot Patrick Tambay.
Am Generalklassement (AM) stinn de Pascal Bachmann an de Clement Seyler elo op Plaz 1 mat 76 Punkten, virum Liesette Braams mat 66 Punkten.

Nächste Rendezvous an de Blancpain European GT4 Series ass vum 31. Mee bis den 2. Juni um Circuit Paul Ricard - Le Castellet a Frankräich.