Supercar Challenge2. Plaz fir den Alain Berg an den Alex Cascatau zu Zolder

RTL Lëtzebuerg
Den Alain Berg an den Alex Cascatau hu sech knapp misse géint den Duo Piessens an De Jonghe geschloe ginn.
© Roxane Deiskes

Am Cader vun der Supercar Challenge war dëse Weekend d’Course zu Zolder. Bei der Qualification e Freideg hu sech den Alain Berg an den Alex Cascatau misse wéinst technesche Problemer mat enger 4. Plaz zefridde gin.

An der Course e Samschdeg konnte si sech dunn awer no vir op déi zweete Plaz kämpfen. Zum Schluss ass et just net duergaangen, fir sech géint hir Konkurrente Piessens an De Jonghe ze beweisen. Déi zwee Profien hun déi éischt Plaz gemaach a sou goufen den Alain Berg an den Alex Cascatau déi Zweet am General an och an hirer Kategorie.

Back to Top
CIM LOGO