
Fir de Comeback den 11. Oktober sollen 20.000 Spectateuren zougelooss ginn, esou heescht et vun den zoustännege Gesondheetsautoritéiten. Mat Bléck op d’Corona-Lag, déi sech all Dag verännere kann, ginn d’Ticketen a verschiddene Stufe verkaf.
Enn Juli hat d’Formel 1 wësse gedoen, dass een nees géing um Nürburgring fueren. Dat lescht Renne war am Joer 2013, wéi de Sebastian Vettel mat Red Bull gewonnen hat.
