
D’Course ass also net wéi geplangt vum 10.-13. Juni, mee vum 21.-22. August. D’ACO erhofft sech duerch Fortschrëtter an der Impfcampagne, dass d’Course mat Spectateure kéint organiséiert ginn. En zweet Joer ouni Supporter géif d’Organisatioun aus finanzieller Sicht net verkraaften.
Am Kader vun der Laangstreckeweltmeeschterschaft ass dëst Joer och e Lëtzebuerger mat dobäi. Den Dylan Pereira geet an der LMGTE Am Kategorie an engem Aston Martin Vantage AMR un den Depart.
