Slalom-Championnat3 Mol huet den Daniel Donkels dominéiert

Andy Brücker
De 16. Mee sinn 3 Leef vum Lëtzebuerger Slalom-Championnat um Circuit vun der Goodyear gefuer ginn, dat ënnert ganz schwierege Wieder-Konditiounen.

Et huet nämlech ëmmer nees zolidd gereent. Ma dat huet awer d’Piloten net ofgeschreckt, bei dësem Event un den Depart ze goen. All d’Bedeelegt hu sech am Virfeld mussen op de Coronavirus teste loossen.

Organiséiert gouf dat Ganzt vum High Speed Racing Club Luxembourg, kuerz HSRCL.

Wéi scho bei den éischten 2 Leef am Mäerz, war et och dës Kéier nees den Daniel Donkels, deen dem ganzen Event säi Stempel opgedréckt huet. Hie konnt sech an den 3 Courssen mam Alfa Romeo 147 vum Monique Becker-Ersfeld géint d’Konkurrenten, déi ëm Punkten am Championnat kämpfen, duerchsetzen.

An der 1. Course, grad ewéi an der 2. war et e Podium:

1) Daniel Donkels - Alfa Romeo 147
2) Georges Geodert - Subaru Impreza STI
3) Marc Zenners - Subaru Impreza WRX STI

An der 3. Course war nees den Daniel Donkels de Séiersten, ma do war et dann awer de Sam Prickaerts, dee mam Ford Fiesta a gudde Laf hat, a sech op der 2. Plaz um Podium konnt klasséieren.

3. Course

1) Daniel Donkels - Alfa Romeo 147
2) Sam Prickaerts - Ford Fiesta
3) Georges Goedert - Subaru Impreza STI

Challenge Slalom

Et waren dann och 2 Pilote mat Sports- respektiv Formelween am Challenge Slalom gemellt. An deem Challenge fuere keng Toureween. Hei war et de Canio Marchione, dee sech um Osella PA21JRB konnt géint de Christophe Turk um BMW Mygale Formula BMW behaapten. War et an der 1. Course nach zimmlech knapp, sou konnt de Canio Marchione säi Virsprong awer iwwert den Dag ëmmer weider ausbauen.

Loisir Slalom

Am Loisir kënne Leit mat hirem eegenen Auto matfueren, deen technesch net modifizéiert dierf sinn. Déi Kategorie ass geduecht, fir dass d’Leit emol an den Automobilsport kënnen eraschnupperen, ouni dass dëst direkt mat engem grousse finanziellen Opwand verbonnen ass.

De leschte Weekend waren hei den Tom Dostert op engem Ford Focus, an d’Zoé Knebler op engem Honda Civic Type R am Asaz. Den Tom Dosert konnt sech an allen 3 Coursse mam Ford Focus duerchsetzen.

Resultater

Déi komplett Resultater vun alle Manchen, alle Courssen an alle Kategorien, fannt Dir op www.hsrcl.lu.

Back to Top
CIM LOGO