Am Porsche Carrera Cup Däitschland stoung de Weekend déi 3. Manche vun der Saison um Programm. Nom Dylan Pereira senger 7. Plaz e Samschdeg an der 1. Course ass et e Sonndeg fir de Lëtzebuerger besser gelaf. Hie konnt sech déi 3. Plaz (+6,76 Sekonnen) um Podium sécheren. D’Plazen 1 an 2 ware fir d’Hollänner Larry Ten Voorde a Loek Hartog (+5,43 Sekonnen).
Domadder sinn déi éischt dräi Piloten aus der Startopstellung och an der nämmlechter Reiefolleg an d’Zil komm.
De Carlos Rivas ass an der ProAM-Wäertung als éischten iwwert d’Arrivée gefuer, mä hie gouf nodréiglech wéinst engem technesche Feeler disqualifizéiert.