
De Gary Hauser a seng Teamkollegin Charlie Martin haten no gutt 2 Stonne mat hirem neien Norma M30-Nissan op der 4. Plaz e Réckstand vun 23 Sekonnen op de Gewënner Duo.
Am Qualifying war de Gray Hauser mam Auto vun der Lëtzebuerger Ekipp Racing Experience op déi 4. Plaz gefuer.
De Gary Hauser a säin eelere Brudder David starte bei den nächste Manchen ofwiesselnd mat der Britnin Charlie Martin. Déi nächst Course ass den 11. Mee am italinesche Monza.