De Larry Ten Voorde war de Beschte bei der 2. Course vun der Saison am Porsche Supercup. Den Hollänner, dee vun der 1. Plaz aus an d’Course gaange war, huet sech zu Monaco souverän virum Dorian Boccolacci duerchgesat. De Laurin Heinrich stoung och nach um Podium.
Den Dylan Pereira ass als 4. an d’Course gaangen an ass och op där Plaz an d’Zil komm. Hien huet sech wärend der Course misse géint säin Teamkolleeg Harry King behaapten. De Britt huet de Lëtzebuerger deels zolidd ënner Drock gesat.
Zu Monaco ass et bekanntlech schwéier fir ze iwwerhuelen. An esou gouf et vir an der Course dann och keng Iwwerhuelmanöveren. An d’Klassement ass esou wéi d’Opstellung.
Neie Leader am General ass de Larry Ten Voorde.