
De Bagnaia konnt sech am WM-Klassement méi no un de Fabio Quartararo eruschaffen an huet op der 2. Plaz just nach 30 Punkte Réckstand.
An enger turbulenter Ufanksphas ass de Jack Miller, dee vun der Pole gestart war, direkt nom Start an der 4. Kéier gefall. Och de Bezzecchi ass nach an der 1. Ronn an de Kräsi gefuer, soudass sech de Francesco Bagnaia vun der 5. Plaz ganz no vir schaffe konnt. Hannendrun hunn de Vinales an de Bastianini d’Poursuite opgeholl. De Weltmeeschter a WM-Leader Fabio Quartararo huet sech mam WM-Zweeten Aleix Espargaro e spannenden Duell em déi 5. Plaz geliwwert. An der Suite hu sech de Bagnaia an de Vinales un der Spëtzt lues a lues ofgesat. 8 Ronne viru Schluss konnt de Bastianini de Vinales no engem Feeler iwwerhuelen. Den Italieener huet an de leschte Ronnen och de Bagnaia ënner Drock gesat. Um Enn sollt et awer duergoe fir de Bagnaia, deen an dëser Saison fir déi sechste Kéier ganz uewen um Podium stoung.
An der Moto2 konnt de Boscoscuro-Pilot Alonso Lopez fir d’éischte Kéier eng Course gewannen. Den Aron Canet an den Augusto Fernandez sinn op déi zweet an drëtt Plaz gefuer.
An enger spannender Course huet sech um Enn den Dennis Foggia an der Moto3 duerchgesat. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Jaume Masia an den Izan Guevara gefuer. De Guevara ass och neie Leader am WM-Klassement, well de Sergio Garcia gefall war an dono aus der Course geholl ginn ass.
MotoGP
1 Francesco Bagnaia Ducati 41:43.199
2 Enea Bastianini Gresini Ducati +0.034
3 Maverick Vinales Aprilia Aprilia +4.212
4 Luca Marini VR46 Ducati +5.283
5 Fabio Quartararo Yamaha +5.771
Moto2
1 Alonso Lopez Boscoscuro 40:35.332
2 Aron Canet Kalex +1.253
3 Augusto Fernandez Kalex 3.305
4 Albert Arenas Kalex 4.615
5 Ai Ogura Kalex 9.166
Moto3
1 Dennis Foggia Honda 39:21.864
2 Jaume Masia KTM +0.289
3 Izan Guevara GasGas +0.334
4 Deniz Öncü KTM +0.453
5 Daniel Holgado KTM +4.955
MotoGP
1 Fabio Quartararo 211
2 Francesco Bagnaia 181
3 Aleix Espargaro 178
4 Enea Bastianini 138
5 Johann Zarco 125
Moto2
1 Augusto Fernandez 198
2 Ai Ogura 194
3 Aron Canet 157
4 Celestino Vietti 156
5 Tony Arbolino 117
Moto3
1 Izan Guevara 204
2 Sergio Garcia 193
3 Dennis Foggia 169
4 Jaume Masia 147
5 Deniz Öncü 140