
Direkt am Ufank vun der Course ass de Leader am WM-Klassement Fabio Quartararo gefall an huet missen opginn. Bei sengem Comeback war och de Marc Marquez an deen Accident verwéckelt. Un der Spëtzt louch nom Start de Bagnaia. De Brad Binder hat et fäerdeg bruecht, beim Start 8 Plaze gutt ze maachen an ass op Plaz 2 no vir gefuer. De Bastianini huet awer schnell Drock no vir gemaach an hat sech no e puer Ronnen un d’Spëtzt gesat. No engem Verbremser konnt de Bagnaia awer nees laanschtfueren. De Bastianini ass an de leschte Ronnen nach emol no un de Bagnaia erukomm an huet en an der leschter Ronn tatsächlech nach iwwerholl. De Bagnaia konnt sech also déi zweet Plaz sécheren. Hannendru gouf et eng spannend Lutte em déi lescht Plaz um Podium. Um Enn konnt sech den Aleix Espargaro knapp virum Brad Binder duerchsetzen. Am General ass et ganz enk. De Quartararo läit just nach 10 Punkte virum Bagnaia a 17 virum Espargaro.
Am Moto 2 stoung de Pedro Acosta fir d’zweete Kéier an dëser Saison ganz uewen um Podium. Op d’Plazen 2 an 3 sinn déi zwee anerer Spuenier Aron Canet an Augusto Fernandez gefuer.
Eng souverän Start-Zil-Victoire gouf et iwwerdeems fir den Izan Guevara am Moto 3. Komplettéiert gouf de Podium vum Ayumu Sasaki an dem Daniel Holgado. Am General huet de Guevara säi Virsprong op iwwer 30 Punkten ausgebaut.
MotoGP
1 Enea Bastianini Gresini Ducati 41:35.462
2 Francesco Bagnaia Ducati Ducati +0.042
3 Aleix Espargaro Aprilia Aprilia +6.139
4 Brad Binder KTM KTM +6.379
5 Jack Miller Ducati Ducati +6.964
Moto2
1 Pedro Acosta Kalex 39:35.337
2 Aron Canet Kalex +2.612
3 Augusto Fernandez Kalex +3.799
4 Ai Ogura Kalex +7.736
5 Tony Arbolino Kalex +7.803
Moto3
1 Izan Guevara GasGas 37:29.944
2 Ayumu Sasaki Husqvarna +0.957
3 Daniel Holgado KTM +6.536 5.579
4 Deniz Öncü KTM +12.906
5 Adrian Fernandez KTM +16.695
MotoGP
1 Fabio Quartararo 211
2 Francesco Bagnaia 201
3 Aleix Espargaro 194
4 Enea Bastianini 163
5 Jack Miller 134
Moto2
1 Augusto Fernandez 214
2 Ai Ogura 207
3 Aron Canet 177
4 Celestino Vietti 162
5 Tony Arbolino 128
Moto3
1 Izan Guevara 229
2 Sergio Garcia 196
3 Dennis Foggia 171
4 Ayumu Sasaki 158
5 Jaume Masia 155