Formel 14 zousätzlech Grand Prixen, am Ganze 17 Courssen dës Saison

RTL Lëtzebuerg
De Formel 1-Kalenner ass domadder elo komplett.
© ANDREW BOYERS / POOL / AFP

Des Saison ginn am Ganze 17 Coursse gefuer, en Dënschdeg goufen nämlech nach 4 zousätzlech Grand Prixen annoncéiert.

Mëtt November gëtt an der Tierkei gefuer, duerno zwee mol am Bahrain an nach ofschléissend den 13. Dezember zu Abu Dhabi.

Och ee Retour vun enger limitéierter Unzuel u Spectateure soll nach des Saison méiglech ginn.

Den nächste Weekend geet et mol mam Grousse Präis an der Belsch zu Spa Francorchamps virun, do allerdéngs à huis clos.

Am General ass aktuell de Lewis Hamilton souverän virop.

Back to Top
CIM LOGO