
Bei den Autoen huet den Nasser Al-Attiyah (Toyota) aus Katar seng 5. Dagesvictoire gefeiert, virum Fransous Stephane Peterhansel(Mini) vum däitschen X-Raid-Team. Den Al-Attiyah war 1 Minutt a 56 Sekonne méi séier. De Peterhansel geet e Freideg awer mat engem Virsprong vu 15 Minutten a 5 Sekonnen op den Al-Attiyah un den Depart vun der leschter Etapp. Um Programm stinn 225 Wäertungskilometer vu Yanbu bis an d’Hafestad Dschidda, wou dann d’Arrivée vun der 43. Editioun vun der Dakar Rally ass.
Op der drëtter Plaz am General läit den zweefache Rallye-Weltmeeschter Carlos Sainz(Mini) mat iwwert enger Stonn Retard.
Fir de Jakub Przygonski dierft d’Course ëm de Podium gelaf sinn. De Berliner huet am Toyota e Réckstand vun iwwer 2 Stonnen an 30 Minutten.
Resultater am IwwerbléckBei de Motorrieder war et de Sam Sunderland (KTM), deen déi 11. Etapp fir sech entscheet huet. Hien ass mat 2 Minutten a 40 Sekonne Virsprong op de Pablo Quintanilla (Husqvarna) iwwert d’Arrivée gefuer. De Kevin Benavides (Honda) gouf Drëtte mat engem Ecart vu 6 Minutten a 24 Sekonnen op den Éischten.
No der Chute vum Spuenier Ignacio Cornejo (Honda) wärend der 10. Etapp ass de Kevin Benavides (Honda) Leader am General ginn. Hien ass weiderhin un der Spëtzt vum Klassement mat engem Virsprong vu 4 Minutten an 12 Sekonnen op de Sunderland (KTM).

Den Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappe sti bis de 15. Januar um Programm.
| Datum | Start - Zil | Distanz (Km) | Wäertung (Km) |
| 3.1. | Jeddah - Bisha | 622 | 277 |
| 4.1. | Bisha - Wadi Ad-Dawasir | 685 | 457 |
| 5.1. | Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir | 630 | 403 |
| 6.1. | Wadi Ad-Dawasir - Riyadh | 813 | 337 |
| 7.1. | Riyadh - Buraydah | 625 | 456 |
| 8.1. | Buraydah - Ha’il | 655 | 448 |
| 9.1. | Roudag | - | - |
| 10.1. | Ha’il - Sakaka (M) | 737 | 471 |
| 11.1. | Sakaka (M) - Neom | 709 | 375 |
| 12.1. | Neom - Neom | 579 | 465 |
| 13.1. | Neom - Al-Ula | 583 | 342 |
| 14.1. | Al-Ula - Yanbu | 557 | 511 |
| 15.1. | Yanbu - Jeddah | 452 | 225 |
| GESAMT | 7.646 | 4.767 |