
De Marc Marquez huet e Sonndeg zu Brünn an Tschechien déi 6. Victoire an der 10. Course vun dëser MotoGP-Saison gefeiert.
De 26 Joer alen Titelverdeedeger huet mat senger 50. Victoire an der Kinneksklass seng Féierung am General weider ausgebaut. Hien huet elo e Virsprong vun 63 Punkten op den Italiener Andrea Dovizioso (Ducati), dee beim Grousse Präis vun Tschechien deen Zweete ginn ass. De Podium kompletéiert huet den Australier Jack Miller (Ducati).