1000 Miglia 20217 Lëtzebuerger Equipagë si mat um Depart

Jacques Joseph
E Mëttwoch war den Optakt vun dësem prestigiéise Rallye, un deem och Pilote wéi Jacky Ickx, Jochen Maas oder Ellen Lohr deelhuelen.

Nodeems d’lescht Joer dësen Oldtimer-Rallye duerch d’Corona-Pandemie vum Mee an den Oktober verluercht gouf, hunn d’Organisateuren aus der selwechter Ursaach dëst Joer dëse prestigiéise Rallye ëm 1 Mount no hanne geréckelt.

393 Equipagen, ënnert hinne 7 Lëtzebuerger, hunn e Mëttwoch zu Brescia den Depart geholl a kommen e Samschden den Owend no 1000 Meilen nees zu Brescia un. Marquéiert ass d’Editioun 2021 doduerch, dass de Rallye a géigesate Richtung wéi déi Jore virdu gefuer gëtt. Et gi wéi gewinnt 4 Etappen, wou am Ganzen 112 „Specialen“ gefuer musse ginn. D’Etappe sinn:

1) E Mëttwoch vu Brescia op Viarregio
2) En Donneschdeg vu Viareggio op Roum
3) E Freideg vu Roum op Bologna
4) E Samschde vun Bologna nees zeréck op Brescia

Déi 7 Lëtzebuerger Equipagë sinn:

Vanni CURRIDOR – Laurent MEYERS mat enger Alfa-Romeo 6C 1750 Super Sport Zagato vun 1929

Albert WETZ – Simone MARCHIONI mat enger Alfa-Romeo 6C 1750 Gran Sport Zagato vun 1930

Marc NIEDERKORN – Frank BECKER mat enger Cisitalia 202 SMM Spyder Nuvolari vun 1947

Marco ROLLINGER – Léon BREBSON mat enger Ferrari 340 America Berlinetta Vignale vun 1951

Marc a Stéphane LENERT mat enger Lancia Aurelia B21 vun 1951

Marco SGRECCIA – Iris STEUER mat enger Fiat 8V Berlinetta vun 1954

Danny ROLLINGER – Paul FLESCH mat enger OSCA MT 4 1100 2AD vun 1955

Donieft sinn och prominent fréier Autosportler um Depart wéi de Jacky Ickx, de Jochen Maas, d’Ellen Lohr an de Christian Geistdoerfer.

1. Etapp - Resultat vun de Lëtzebuerger

47) Albert WETZ – Simone MARCHIONI (Alfa-Romeo 6C 1750 Gran Sport Zagato vun 1930
64) Marco SGRECCIA – Iris STEUER (Fiat 8V Berlinetta vun 1954)
65) Vanni CURRIDOR – Laurent MEYERS (Alfa-Romeo 6C 1750 Super Sport Zagato vun 1929)
95) Marc NIEDERKORN – Frank BECKER (Cisitalia 202 SMM Spyder Nuvolari vun 1947)
97) Danny ROLLINGER – Paul FLESCH (OSCA MT 4 1100 2AD vun 1955)
195) Marc a Stéphane LENERT (Lancia Aurelia B21 vun 1951)
376) Marco ROLLINGER – Léon BREBSON (Ferrari 340 America Berlinetta Vignale vun 1951)

Klassement vun de Lëtzebuerger no der 2. Etapp vu Viareggio op Roum

40) Vanni CURRIDOR – Laurent MEYERS ( Alfa-Romeo 6C 1750 Super Sport Zagato vun 1929 )
59) Albert WETZ – Simone MARCHIONI ( Alfa-Romeo 6C 1750 Gran Sport Zagato vun 1930 )
76) Marc NIEDERKORN – Frank BECKER ( Cisitalia 202 SMM Spyder Nuvolari vun 1947 )
90) Marc a Stéphane LENERT ( Lancia Aurelia B21 vun 1951 )
122) Marco SGRECCIA – Iris STEUER ( Fiat 8V Berlinetta vun 1954)
339) Danny ROLLINGER – Paul FLESCH ( OSCA MT 4 1100 2AD vun 1955 )
367) Marco ROLLINGER – Léon BREBSON ( Ferrari 340 America Berlinetta Vignale vun 1951 )

Klassement vun de Lëtzebuerger no der 3. Etapp vu Roum op Bologna

45) Vanni CURRIDOR – Laurent MEYERS ( Alfa-Romeo 6C 1750 Super Sport Zagato vun 1929 )
56) Albert WETZ – Simone MARCHIONI ( Alfa-Romeo 6C 1750 Gran Sport Zagato vun 1930 )
60) Marco SGRECCIA – Iris STEUER ( Fiat 8V Berlinetta vun 1954)
96) Marc NIEDERKORN – Frank BECKER ( Cisitalia 202 SMM Spyder Nuvolari vun 1947 )
117) Marc a Stéphane LENERT ( Lancia Aurelia B21 vun 1951 )
336) Marco ROLLINGER – Léon BREBSON ( Ferrari 340 America Berlinetta Vignale vun 1951 )
345) Danny ROLLINGER – Paul FLESCH ( OSCA MT 4 1100 2AD vun 1955 )

Back to Top
CIM LOGO