Beim WEC-Debut zu Portimao gouf et no 8 Stonnen eng Victoire fir Toyota mat de Piloten Sébastien Buemi, Kazuki Nakajima a Brendon Hartley. Och déi 2. Plaz war fir Toyota an dat mat de Piloten Mike Conway, Kamui Kobayashi a Jose Maria Lopez. Domadder hu sech déi japanesch Hypercars och an der zweeter Course vun der Saison géint d’Konkurrenz vun Alpine behaapt. Hei souzen den André Negrao, den Nicolas Lapierre an de Matthieu Vaxivière hannert dem Steierrad.
Déi dräi Éischt sinn um Enn 300 Ronne gefuer. Iwwert d’Victoire huet um Enn d’Toyota Box decidéiert.
An den zwou GTE-Klassen huet Ferrari gewonnen, wärend Jota an der LMP2-Kategorie den Doublé gefeiert huet.
Mam Dylan Pereira war och ee Lëtzebuerger um Depart. Hien ass mam Team TF Racing an engem Aston Martin Vantage AMR op déi 25. Plaz komm an der “LM GTE AM” Kategorie ass et déi 8. Plaz.