
De Katarer, deen 2011, 2015 an 2019 d’Dakar Rally gewonnen huet, huet e Méindeg scho säi véierten Etappesuccès bei der aktueller Editioun gefeiert an de Retard am General op de Rekordchampion Stephane Peterhansel verkierzt.
De franséische Mini-Pilot vum däitschen Team X-Raid huet no 375 Wäertungskilometer op der aachter Etapp nach e Virsprong vu 4 Minutten a 50 Sekonnen.
Iwwerdeems de Fransous Sebastian Loeb, Zweetplacéierte vun 2017, no zwee Platten opginn huet, dat hunn d’Organisateuren e Méindeg matgedeelt.
Bei de Motorrieder huet den Ignacio Cornejo (Honda) seng éischt Etappevictoire bei der Dakar Rally 2021 gefeiert a seng Féierung am General ausgebaut. Hien huet elo eng Avance vun enger Minutt a 6 Sekonnen op den Toby Price (KTM). Den Australier war e Méindeg deen Zweete ginn.
Fir de Xavier de Soultrait ass d’Course eriwwer. De Fransous ass schwéier gefall a gouf mam Helikopter an d’Spidol geflunn. Den Husqvarna-Pilot soll nom Accident bei Bewosstsinn gewiescht sinn.
Resultater am IwwerbléckDen Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappe sti bis de 15. Januar um Programm.

| Datum | Start - Zil | Distanz (Km) | Wäertung (Km) |
| 3.1. | Jeddah - Bisha | 622 | 277 |
| 4.1. | Bisha - Wadi Ad-Dawasir | 685 | 457 |
| 5.1. | Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir | 630 | 403 |
| 6.1. | Wadi Ad-Dawasir - Riyadh | 813 | 337 |
| 7.1. | Riyadh - Buraydah | 625 | 456 |
| 8.1. | Buraydah - Ha’il | 655 | 448 |
| 9.1. | Roudag | - | - |
| 10.1. | Ha’il - Sakaka (M) | 737 | 471 |
| 11.1. | Sakaka (M) - Neom | 709 | 375 |
| 12.1. | Neom - Neom | 579 | 465 |
| 13.1. | Neom - Al-Ula | 583 | 342 |
| 14.1. | Al-Ula - Yanbu | 557 | 511 |
| 15.1. | Yanbu - Jeddah | 452 | 225 |
| GESAMT | 7.646 | 4.767 |