Dakar Rally 2021Al-Attiyah wënnt 3. Etapp a verkierzt Réckstand op Peterhansel

Andy Brücker
403 Kilometer goufen en Dënschdeg op Zäit gefuer, an hei konnt den Nasser Al-Attiyah Zäit guttmaachen. Bei de Motorrieder war den Toby Price de Séiersten.

Den Australier huet 3 Stonnen 33 Minutten an 23 Sekonne gebraucht fir déi 403 Kilometer op senger KTM hannert sech ze bréngen. Op Plaz 2 koum de Kevin Benavides aus Argentinien op enger Honda, virum Éisträicher Matthias Walkner op KTM. De Joan Barreda an den Ricky Brabec hu vill Zäit verluer.

Am General ass den Amerikaner Skyler Howes elo den neie Leader, virum Fransous Xaxier de Soultrait an dem Australier Toby Price op Plaz 3.

Xavier de Soultrait
Xavier de Soultrait
© AFP

Bei den Autoe konnt de Qatari Nasser Al-Attiyah de Réckstand op de Stéphane Peterhansel op 5 Minutte verkierzen. Ee vun de Favoritten op d’Gesamtvictoire, huet op der 3. Etapp vill Zäit verluer, nodeems e sech an der Wüst verfuer hat, dëst a Persoun vum Carlos Sainz.

Gewonne gouf d’Etapp wéi gesot vum Al-Attiyah (Toyota), virum Henk Lategan (Toyota) an dem Stéphane Peterhansel um X-Raid Mini.Am General ass de Fransous Peterhansel weider un der Spëtzt, 5min an 9sek virum Al-Attiyah. Op Plaz ass de Fransous Mathieu Serradori. De Carlos Sainz ass op Plaz 4, mat elo schonn 33min34sek Réckstand. Op Plaz 6 fanne mer dann de Sébastien Loeb an den Daniel Elena (+45min).

Resultater am IwwerbléckDen Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappen sti bis de 15. Januar um Programm.

Iwwersiicht vun den Etappen

DatumStart - ZilDistanz (Km)Wäertung (Km)
3.1.Jeddah - Bisha622277
4.1.Bisha - Wadi Ad-Dawasir685457
5.1.Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir630403
6.1.Wadi Ad-Dawasir - Riyadh813337
7.1.Riyadh - Buraydah625456
8.1.Buraydah - Ha’il655448
9.1.Roudag--
10.1.Ha’il - Sakaka (M)737471
11.1.Sakaka (M) - Neom709375
12.1.Neom - Neom579465
13.1.Neom - Al-Ula583342
14.1.Al-Ula - Yanbu557511
15.1.Yanbu - Jeddah452225
GESAMT7.6464.767

Back to Top
CIM LOGO