Supercar ChallengeAlain Berg an Alex Cascatau bleiwen am General un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
De Weekend iwwer goufen zu Assen bei de Gamma Racing Days zwou Courssen am Kader vun der Supercar Challenge gefuer.
© Federico Vecchio

E Samschdeg sinn den Alain Berg an den Alex Cascatau vum Team BS Racing vun der Pole Position aus an d’Course gaangen. Nodeems se um Depart op déi zweete Plaz zeréckgefall sinn, konnte si sech um Enn virum Tim Joosen vum Team Deldiche duerchsetzen.

No enger duerchwuessener Nuecht wéinst engem Lagerschued am Moto konnt de lëtzebuergesch-rumäneschen Duo Berg/Cascatau e Sonndeg nawell starten an ass op déi zweete Plaz gefuer, dat hannert dem Tim Joossen.

Um Enn sinn den Alain Berg an den Alex Cascatau an hirer Klass bei de Gamma Racing Days op déi zweete Plaz am General komm. Bei der Supercar Challenge bleiwe si op der éischter Plaz.

Back to Top
CIM LOGO