
Schonn um Freideg konnten sech déi zwee an hirem Norma M20F d’Pole Position am Qualifying sécheren. An der Course sinn se direkt am Ufank op déi 2. Plaz zeréck gefall mee hu sech dru gehalen a konnten am sech Laf vun der Course déi 1. Plaz zeréck huelen. Domadder konnte Si sech géint 28 aner Fuerer duerchsetzen.
Am Generalklassement leit d’Duo Alain Berg-Alex Cascatau op der éischter Plaz.