MotoGPAleix Espargaro wënnt an Argentinien seng éischt Course

RTL Lëtzebuerg
Fir de Spuenier war et déi 200. Course bei där hien un den Depart gaangen ass. Elo konnt hien eng alleréischte Kéier eng Victoire feieren.
© AFP

De Jorge Martin kënnt op déi zwee Plaz a sammelt domat seng éischt Punkte fir dës Saison. Déi drëtt Plaz war fir den Alex Rins. Duerch d’Victoire iwwerhëlt den Espargaro och d’Spëtzepositioun an der Weltmeeschterschaft.

An der Moto2 gouf et eng Victoire vum Celestino Vietti. Den Italiener konnt sech virum Somkiat Chantra aus Thailand an dem Ai Ogura aus Japan duerchsetzen.

Donieft huet sech an der Moto3 de Sergio Garcia duerchgesat. De Podium gouf komplettéiert vum Dennis Foggia an Ayumu Sasaki.

LINK: De Replay vun de Courssen

Back to Top
CIM LOGO