
De Finn, deen zanter Joren mat dobäi ass, huet säi Gefier dowéinst op enger Plaz ofgestallt, wou direkt Leit mat engem Feierläscher waren. Hie selwer huet beim Läsche vum Brand gehollef, nodeem hien net ze presséiert aus sengem Alfa Romeo geklomme war an souguer d’Lenkrad nees zeréckgestach hat. Dono huet hein dem Streckeposten de Feierläscher ofgeholl a selwer de Brand vu sengem Auto geläscht.