
Am Reglement vum Rallye-Championnat steet geschriwwen, dass een op d’mannst u 50% vun den Epreuven aus dem Rallye-Kalenner muss deelgeholl hunn, fir eligibel ze sinn, an d’Wäertung vum Championnat ze kommen.
Am Kalenner stounge folgend Rallyen:
De Rallye Centre Alsace war am August annuléiert ginn, wouropshin 1 Rallye am Championnat gefeelt huet. Den Directoire vum ACLSport hat a senger Sitzung vum 14. August decidéiert, dass keen Ersatzlaf fir dëse Rallye mat an de Kalenner opgeholl gëtt.
Doduerch kënnt et dann elo awer zur Situatioun, dass nom East Belgian Rallye kee Rallye-Pilot op déi néideg 50% Participatioune kënnt. Verschidde Piloten hunn 3 Resultater aus 7 Rallyen... an awer keng Méiglechkeet nach de 4. Rallye ze fuere fir op 50% ze kommen.
Nodeems et dowéinst zu Reklamatioune koum, huet den Directoire vum ACL Sport an hirer Sitzung vum 1. Oktober reagéiert an decidéiert, dass d’Piloten elo awer nach e Rallye fuere kënnen, dee mat an d’Wäertung geholl gëtt.
Speziell bei där Decisioun ass, dass et net e bestëmmte Rallye ass, mä d’Pilote kënne selwer bestëmmen, wéi ee Rallye se fuere wëllen. Eenzeg Konditioune sinn: De Rallye muss bis spéitstens den 11. November gefuer ginn, an e muss minimum 130 Kilometer Specialen hunn.
Den Directeur sportif vum ACLSport, Andy Mathekowitsch, huet eis dann och e puer ergänzend Präzisioune matgedeelt, nodeems nach verschidde Punkten net ganz kloer waren.
1) E Maximum vun 1 Resultat gëtt a Consideratioun gezunn, fir d’Schlussklassement vum Rallye-Championnat.
2) Dat Resultat, wat zousätzlech an d’Wäertung kënnt, muss tëscht dem 3. Oktober an dem 11. November realiséiert ginn. Et kann ee kee méi en aalt Resultat vun engem Rallye, deen ee gefuer ass am Laf vun der Saison, noreechen.
3) De Choix vum Rallye muss net am Virfeld matgedeelt ginn. Et geet duer, fir d’Klassement vum Rallye, dee soll fir d’Klassement vum Championnat consideréiert ginn, per Email un d’Adress aclsport@acl.lu ze schécken.
4) Déi betraffe Piloten si fräi méi Rallyë wärend der Referenzperiod vum 3. Oktober bis 11. November ze fueren, mä just dat Klassement wat dem ACL matgedeelt gëtt, gëtt och fir d’Schlussklassement vum Championnat berécksiichtegt.
Duerch dës Ännerung vum Reglement, komme bei de Piloten elo nach 3 Persounen a Fro, fir Lëtzebuerger Rallye-Champion ze ginn:
- Grégoire Munster (mat belscher Lizenz)
- Steve Fernandes
- Yann Munhowen

Bei de Co-Piloten ass d’Decisioun ëm de Championstitel scho gefall. Hei ass d’Michèle Brachtenbach déi eenzeg Persoun, déi genuch Resultater huet. Keen anere kënnt nach a Fro op déi 50% Participatioun ze kommen.