
Deen éischte Grand Prix an der neier Formel 1 Saison ass gefuer an d’Zelter am Bahrain sinn nees ofgeriicht. Dee nächste Rendez-vous ass an zwou Wochen zu Jeddah an Saudi-Arabien. Ma no der éischter Course konnt ee feststellen wéi staark de Weltmeeschter Max Verstappen a Red Bull sinn, an datt Aston Martin, d’Ecurie mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack e rise Sprong no vir gemaach huet.