
De kanadesche Milliardär Lawrence Stroll huet 260 Millioune Pond an Aston Martin investéiert, fir dëse Schratt méiglech ze maachen. Mat dësem Investment kritt de Stroll de Poste vum President vum Virstand vun Aston Martin.
De Stroll hat schonn 2018 d’Formel 1 Ecurie Force India kaf an d’Team a Racing Point ëmbenannt. Dem Stroll säi Bouf Lance ass ee vun den zwee Pilote bei der Ecurie. Aston Martin wäert elo op Basis vu Racing Point en eegent Team fir d’Formel 1 op d’Bee stellen.
Aston Martin hat rezent en Deal mat Red Bull lafen, deen awer um Enn vun der véierter Saison net wäert verlängert ginn.
Mat enger eegener Ecurie ass de brittesche Konstrukteur fir Luxus-Autoe fir d’Lescht 1960 an der Formel 1 un den Depart gaangen.