Haass F1: Nei Faarwen a mam Design zeréck un d’Basis. Schwaarz a Wäiss dominéieren, Rout fir d’Schrëfte bréngt Faarf an d’Spill.
Mercedes AMG F1: Vun de Faarwen hier kee grousse Changement? Dach! Den neie Sponsor bréngt elo e bëssi Rout an de gro-schwaarz dominéierten Design. © Mercedes-AMG F1 Twitter
Ferrari SF1000: Déi dausende Course wäert Ferrari déi nächst Saison an der Formel 1 fueren. Traditionell am rout gehalen, kënnt liicht méi schwaarz an d’Spill bei den Italiener. © Scuderia Ferrari Twitter
Aston Martin Red Bull: Den © Aston Martin Red Bull Racing Twitter
MCLaren F1: Den MCL35 fält souwuel duerch déi méi schmuel Nues an duerch liicht Faarf-Verännerungen op. Hannen ass den Auto méi blo, dogéint ass de Rank ronderëm de Cockpit elo just nach orange an net méi mat schwaarzem Effekt. © McLaren
Scuderia AlphaTauri: Den AT01 ass de Successeur vun den Torro-Rosso-Gefierer: Am komplett neien Design, net méi metallic Blo, dofir méi Wäiss an Donkelblo, dominéiert den Design. © AlphaTauriF1 Twitter
ROKiT Williams: Nieft Himmelblo a Wäiss kënnt dës Saison nach e bëssi Rout an d’Spill. D’Ekipp, déi dat lescht Joer dem Feld quasi just nogefuer ass, setzt dëst Joer an de Faarwen op de Lëtzebuerg-Effekt. © Williams Racing Twitter
BWT Racing Point: Den RP20 suergt schonn, wéi déi lescht Saison, fir den optesche Wow-Effekt. Beim ville Wäiss, Rout, Gro a Blo fält de rosa-dominéierte Won ouni Problemer op. Sief bemierkt, datt en souguer nach méi rosa ass, wéi déi leschte Saison, well verschidde blo Elementer ewechgefall sinn.
Renault F1 Team: Den RS20 gouf offiziell nach net presentéiert, ma bei den Tester zu Barcelona ass d’Gefier awer schonn ënnerwee gewiescht. Aktuell gesäit ee vill Schwaarz mat just wéineg Giel, wat sech awer wuel bis zum Start vun der Saison nach kéint änneren. © Renault F1 Team Twitter
Alfa Romeo Racing ORLEN: Als leschte Won gouf rezent den C39 presentéiert. Et dominéiert Rout, ma déi wäiss Elementer suerge fir e gewëssenen Effekt. © Alfa Romeo Racing Twitter
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.