
De Bastian Buus (BWT Lechner Racing) huet d’Première am Porsche Supercup zu Le Castellet a Frankräich gewonnen. Den Dän huet sech e Sonndeg an der Mëttegstonn virum Harry King (BWT Lechner Racing) an dem Larry ten Voorde (Team GP Elite) duerchgesat. Fir den 19 Joer ale Buus war et déi éischt Victoire am Porsche Supercup. Den Dylan Pereira (BWT Lechner Racing) ass mat engem beschiedegten Auto als 5. iwwert d’Arrivée gefuer. No enger Zäitstrof vun dräi Sekonne géint de Konkurrent Laurin Heinrich, deen d’Track-Limits net agehalen hat, réckelt hien awer eng Plaz erop.
Am General bleift de Lëtzebuerger mat 92 Punkten un der Spëtzt. Hien huet 4 Punkte Virsprong op den Heinrich. Den ten Voorde huet als Drëtten 82 Punkten. 3 Coursse bleiwen dës Saison nach ze fueren.
Den Dylan Pereira hat keen optimale Start bei der Première um Castellet a Frankräich. Den Titelverdeedeger Larry ten Voorde konnt de Lëtzebuerger an der éischter Ronn nämlech iwwerhuelen. Och de Laurin Heinrich, deen am General nach e Wuert matspillt, huet de Lëtzebuerger massiv ënner Drock gesat. De Pereira huet den Däitschen awer net laanscht gelooss.
An der 2. vun den 13 Ronne koum dunn de Safety-Car eraus, dat well een Auto no engem Accrochage op der Streck stoe bliwwe war. Nom Restart ass un der Spëtzt vun der Course alles beim Ale bliwwen. De Bastian Buus huet seng Spëtzepositioun virum Harry King behaapt. Do hannen dru sinn de Larry ten Voorde, den Dylan Pereira an de Laurin Heinrich komm.
Vun der 6. Ronn un ass et du richteg schwéier gi fir den Dylan Pereira. Duerch eng kleng Beschiedegung um Auto konnt de Lëtzebuerger net méi mat deenen éischte Pilote mathalen an esou huet de Laurin Heinrich hie séier iwwerholl. Um Enn sollt et awer dobäi bleiwen an de Leader am General huet seng 5. Plaz bis op d’Arrivée verdeedegt, déi sech méi spéit duerch eng Strof géint e Konkurrent ëm eng weider Plaz verbessere sollt.
Vir un der Spëtzt vun der Course huet sech de Bastian Buus virum Harry King an dem Larry ten Voorde behaapt.