24h NürburgringBei der legendärer Laangstrecke-Course fueren och Lëtzebuerger mat

RTL Lëtzebuerg
D'24-Stonne-Course um Nürburgring hat jo wéinst der Corona-Pandemie musse verréckelt ginn, a gëtt elo um Weekend vum 26. op de 27. September gefuer.

Dës Course wäert allerdéngs an d’Geschicht agoen, als déi mat der mannster Ambiance, well dat wat déi Course ausgemaach huet bis elo, waren ëmmer déi dausenden Zuschauer laanscht d’Streck. Déi sinn dacks schonn eng Woch virdrun ugereest, an hunn dann op de Campingen oder Zuschauerplazen iwwernuecht, hu sech do ageriicht, gegrillt an einfach eng flott Zäit do verbruecht.

Dat ass dëst Joer net méiglech. Wéinst de Corona-Restriktiounen däerfe just Zuschauer op d’Tribünen op der Grand-Prix-Streck, an dat och just wärend gewëssen Auerzäiten. Do kënnt also kaum déi selwecht Stëmmung op. D’Course gëtt allerdéngs, wéi déi Jore virdrun och, komplett am Livestream iwwerdroen.

De Coronavirus huet och nach via en anere Wee zougeschloen... sou huet Porsche z.B. 9 vu senge Wierkspiloten zeréckgezunn, well 3 Leit wärend der 24-Stonne-Course zu Le Mans positiv getest goufen. Dowéinst hu vill Teams sech aner Pilote fir op hir Autoe musse sichen, a Manthey-Racing huet z.B. ee vun de Favoritten op d’Gesamtvictoire, de sougenannte “Grello” zeréckgezunn, e grell-gielgrénge Porsche 911 GT3 R.

Nieft den Equipagen mat Wierkspiloten, déi ëm d’Gesamtvictoire fuere wäerten, sinn awer och dëst Joer nees e sëllege Pilote mat Lëtzebuerger Lizenz um Depart.

StartnummerKategorieTeamPilotenAuto
35SP-ProBLACK FALCON Team IDENTICA

Rivas Carlos
Böckmann Marek
Müller Tobias
Rosenberg Maik

Porsche 911 GT3 Cup MR
63SP-7RPM RacingWilwert Bob
Kodidek Milan
van Ramshorst Marco
Cools Kris
Porsche 991 Cup
86SP 4TKöppen MotorsportMunhowen Yann
Pier Alain
Cate Peter
Köppen Alexander
Porsche Cayman 718 GTS
301CUP 3Team Mathol Racing e.V.Bohr Daniel
Brooks Steve
Schicht Rüdiger
“Montana”
Porsche Cayman 718 GT4 CS
302CUP 3W&S Motorsport GmbHCarcone Sébastien
Vöhringer Jürgen
Dolfen Heinz
Berwanger Kim
Porsche Cayman 981 GT4 CS
320ATFour Motors Bioconcept-Car Kauffman Charles
Smudo
Kiefer Thomas
von Löwis of Menar Thomas
Porsche 991 GT3 Cup 2

Qualifying

Nom Qualifying koume folgend Startplaze fir d’Equipagen eraus, mat Pilote mat Lëtzebuerger Lizenz:Plaz 30: Carlos Rivas
Plaz 40: Bob Wilwert
Plaz 44: Charles Kauffman
Plaz 47: Daniel Bohr
Plaz 60: Yann Munhowen / Alain Pier
Plaz 68: Sébastien Carcone

PDF: D'Resultat vum Qualifying

Back to Top
CIM LOGO