Barum Czech Rally Zlín 2026Belsch-Lëtzebuerger Duo Heindrichs/Schmitz gewënnt d'Junior-ERC-Wäertung an Tschechien

Andy Brücker
De Weekend gouf de 4. Laf vun der Junior-Europameeschterschaft am Rallye gefuer.
© Opel Motorsport

De Belsch Tom Heindrichs an de Jonas Schmitz, deen déi duebel Nationalitéit huet, fueren dëst Joer ënnert anerem am Kader vun der Junior-Europameeschterschaft op engem Opel Corsa Rally4 vum ADAC Opel Rallye Junior Team. Si haten d'Saison gutt gestart a waren am Mee a Schweden direkt um Podium gelant, dat op Plaz 2.

Vun do goung et Ufank Juli weider bei der Rally di Roma Capitale. Hei ass um Enn "just" eng 5. Plaz an der Junior-ERC erausgesprongen.

A Polen Enn Juli war et dogéint déi éischt Victoire an der Junior-ERC, dat bei der Rally Polen.

Mat deem positiven Elan ass et dëse Weekend a Richtung Tschechien gaangen. De Barum-Rallye ass bekannt dofir ganz séier ze sinn, dat op schlechte Stroossen. Et heescht feelerfräi doduerch ze kommen. A genee dat ass dem Belsch-Lëtzebuerger Duo och gelongen. Nom Freideg ware se op Plaz 4, konnten e Samschdeg no der 3. Special dunn awer d'Féierung iwwerhuelen, déi se net méi hierginn hunn.

© Opel Motorsport

Si konnte sech no 13 Speciallen an iwwer 200 chronometréierte Kilometer géint den däitschen Duo Timo Schulz a Maresa Lade duerchsetzen, dat mat 25,5 Sekonne Virsprong. Plaz 3 geet un den norwegeschen Duo Karl Peder Nordstrand / Sunniva Rudi. Si gewannen domadder net just d'Junior-ERC-Wäertung, ma och d'Kategorie ERC4.

Den Tom Heindrichs war méi wéi zefridde mam Tempo, dee si um Rallye gewisen hunn. Op verschiddene Specialle ware se änlech séier wéi Autoe vun der Rally3-Kategorie, déi méi Leeschtung an Allrad hunn. D'Gefill am Auto war dann och ganz gutt.

D'Gesamtvictoire vum Rallye geet un den Adam Brzik an den Zdenek Belak op Skoda Fabia RS Rally2, virum Teemu Suninen an Antti Haapala och op Skoda. De Podium gëtt komplettéiert vum Andrea Mabellini an dem Virginia Lenzi op Lancia Ypsilon Rally2 HF Integrale.

Leader mat 16 Punkte Virsprong

Duerch dës Victoire iwwerhuelen den Tom Heindrichs an de Jonas Schmitz elo d'Féierung an der Junior-Europameeschterschaft. Si kommen no 4 Leef op 101 Punkten. Op Plaz 2 ass elo den Timo Schulz (D) mat 85 Punkten, virum Italieener Davide Pesavento mat 72 Punkten, dee bei der Barum-Rallye ausgefall ass. Virum Barum-Rallye war hien nach op Plaz 1, deemno gesäit ee wéi wichteg et ass, de Rallye fäerdeg ze fueren.

Et stinn elo nach zwee Rallyen um Programm: Den JDS Machinery Rali Ceredigion 2026 Ufank September an de Rally Six Cities North of Portugal 2026 Enn Oktober.

© Opel Motorsport

Back to Top
CIM LOGO