
Wéinst den aktuelle Covid-Restriktiounen, kënne jo z.B. Belsch Piloten net op Lëtzebuerg areesen. D’Biergcourse vun Holtz zielt nieft dem Lëtzebuerger Championnat och fir dat belscht Championnat. Nieft Piloten, kommen och e sëllegen Offizieller, respektiv Sport-Kommissären am Kader vu sou enger Course op Lëtzebuerg.
Deemno gouf elo decidéiert, d’Course op de 24.-25. Juli ze réckelen, an der Hoffnung, dass sech d’Situatioun bis dohi berouegt huet.