AutomobilsportBiergcourse zu Holz ass ofgesot

RTL Lëtzebuerg
No 2011 sollt dëst Joer eng éischte Kéier nees d'Biergcourse zu Holz gefuer ginn, ma d'Corona-Pandemie huet deem Plang e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.

Wéinst der Pandemie war d’Course scho vum 4. a 5. Abrëll dëst Joer op de 24. a 25. Juli verréckelt ginn. Elo um 30. Juni koum awer d’Meldung vun der Automobilsportfederatioun, dass een d’Course leider annuléiere muss, well et an der aktueller Situatioun ëmmer nach ze komplizéiert wier, fir esou eng Course ënnert beschtméigleche Konditiounen z’organiséieren. Dofir gouf zesumme mam Organisator CMP Chiny decidéiert, d’Course fir dëst Joer ofzesoen a sech en neien Ulaf fir 2022 ze ginn. E geneeën Datum steet awer nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO