Rallye-ChampionnatBob Kellen/Nathalie Hoffmann um Rallye de Wallonie op Plaz 22

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend war den Optakt vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat. Am beschten ofgeschnidden hunn de Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann um Ford Escort MK2.

Fir den 1. Rallye vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat waren 3 Lëtzebuerger Equipagen ugemellt. Et waren dat de Yann Munhowen an de Steve Lanners um Mitsubishi Evo8, de Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann um Ford Escort MK2 an de Marco Christen an de Joel Tousch um Toyota GT86 R3.

Leider konnten de Marco Christen an de Joel Tousch awer kuerzfristeg net starten.

Domat si just nach 2 Equipagen iwwereg bliwwen.

Béid si scho freides ganz gutt an de Rallye gestart. Mat der Startnummer 32 ware Munhowen/Lanners no den zwou éischte Speciallen um Freideg déi gutt 20. am General.

Kellen/Hoffmann mat der Startnummer 53 plazéiere sech op der 33. Positioun no den éischte Speciallen.

© Henri Schwirtz

Um Samschdeg huet de Yann Munhowen sou richteg opgedréint... hie war ee vu just wéinege Piloten, déi de Speed vu verschiddenen R5-Pilote konnt matgoen oder souguer méi séier war. Bis op déi 10. Special war alles an der Rei an den Evo8 loung op Plaz 16 am General, nëmmen 1,5 Sekonnen hannert Gaban/Delmelle um Porsche 911 GT3.

Op WP11 dunn awer den technesche K.O.. Den Evo ass op der Special ausgaangen an den Equipage krut en net méi un d’Lafen. Spéider am Service sollt sech erausstellen, dass den OT-Geber futti war. Dee gouf um Samschdeg nach gewiesselt, sou dass de Yann Munhowen an de Steve Lanners um Sonndeg nachemol konnten den Depart huelen.

De Bob Kellen hat um Samschdeg de Moien scho bal opginn, nodeems no enger gefuerener Special d’Boite vum Escort um Routier op eemol Problemer gemaach huet, an am 3. Gang hänke bliwwe war. Hien huet sech kuerzerhand um Routier ënnert den Auto geluecht, de Feeler fonnt an an enger McGyver-Mannéier reparéiert, mat deem wat en am Auto fonnt huet fir et ze flécken. Ab deem Moment war de Bob definitiv hellwakreg.

De Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann hunn duerno mam Ford Escort WP fir WP Plazen am Klassement gutt gemaach, an hu sech mam Duo Ceuppens/Werner um BMW 130i e spannende Kampf ëm déi 1. Plaz an der Kategorie NCM geliwwert. No WP6 hat de Lëtzebuerger Duo awer d’Nues vir a loung op Plaz 25 am General.
Bis d’Enn vum 2. Dag hu si d’Avance op 1min45 ausgebaut a sech bis op Plaz 23 am General verbessert. E perfekten Dag also fir de Ford-Pilot aus dem Team GDMH-Motorsport.

© Henri Schwirtz

Um Sonndeg si wéi gesot de Yann Munhowen an de Steve Lanners mam Mitsubishi Evo8 nachemol un den Depart gaangen, dëst allerdéngs mat groussem Réckstand am General. Si fueren déi 8 Speciallen um Sonndeg konstant an den Top20 a verbessere sech vu Plaz 62 um Samschdeg den Owend op Plaz 49 um Sonndeg. Eng Top15-Plaz wier méiglech gewiescht... vun dohir dierft d’Enttäuschung awer grouss gewiescht sinn.

De Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann hunn et um Sonndeg nachemol spannend gemaach. Op der 16. Special hate si mam Escort eng Sortie, bei där den Auto vir lénks nawell e bësse gelidden hat. Si hunn op där Special ronn 1min30 verluer a sinn op Plaz 25 zeréckgefall. Si konnten awer weiderfueren an d’Assistance-Ekipp hat all Hänn voll ze dinn, fir den Auto nees fit ze kréien... wat hinnen awer gelongen ass, an op de leschte 4 Speciallen konnt de Bob nees ugräifen a sech bis op Plaz 22 no vir kämpfen.

Si gewannen d’NCM-Kategorie, dat bei 23 Equipagen déi un den Depart gaange sinn, ginn 3. Hecktriebler hannert 2 Porschen a si gi bescht Lëtzebuerger bei der 36. Editioun vum Rallye de Wallonie.

© Paul Kellen

Gewonne gouf de Rallye iwwregens vum Adrien Fernemont um Skoda Fabia R5, virum Cédric Cherain um VW Polo R5 an dem Sébastien Bedoret op Skoda Fabia R5.

De Grégoire Munster, deen d’lescht Saison nach mat Lëtzebuerger Lizenz gefuer ass, dëst Joer awer mat belscher, koum iwwregens mam Opel Adam R2 op déi 18. Plaz am General.

Punkten nom Rallye de Wallonie

Mam neie Modus vum Lëtzebuerger Championnat, kréie just déi Equipagen Punkten, déi sech och fir d’Championnat ageschriwwe hunn. De Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann sinn net ageschriwwen a kréien dofir och keng Punkten.

Dofir kënnt awer d’Iwwerraschung vu Säite vum Grégoire Munster. Obwuel hie mat belscher Lizenz fiert, krut hie Punkte fir d’Lëtzebuerger Championnat. Hien ass dann och den 1. Leader vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat. Op Plaz 2 kënnt dann de Yann Munhowen.

Bei de Copiloten ass de Steve Lanners den 1. Leader.

Resultater vun all Special am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO