
Nodeems den 1. Training komplett ofgesot gi war, wëll e Gullydeckel net richteg befestegt war, vum George Russell (Williams) matgerappt gouf a säin Auto doropshin staark beschierdegt war, hunn an den Trainingen 2 an 3 Ferrari extrem dominéiert an deenen aneren Ekippen keng Chance gelooss.
Am 3. Training, dat de Charles Leclerc gewanne konnt, hat de Monegass 1,248 Sekonnen Virsprong op den 3. Max Verstappen. Bottas an Hamilton koumen net iwwert d’Plazen 4 a 5 eraus.
Am Qualifying war vun der Dominanz vu Ferrarri awer net méi vill ze gesinn an et war zimlech oppen ween sech d’Pole gif sécheren. Zemools nodeems de Charles Leclerc am Q2 an d’Mauer gerannt ass a soumat am Q3 net méi konnt agräifen. De Q3 war dann immens spannend a schlussendlech war et de Bottas dee sech mat der leschter Ronn op d’Pole virun den Hamilton gesat huet. Op déi 3. Plaz koum de Sebastian Vettel.