Formel 1Bottas vir beim éischten Training zu Mugello

RTL Lëtzebuerg
Fir den Optakt vum Ferrari-Jubiläum hat d'Ecurie grouss Hoffnung op eng Besserung. Dozou huet de Vettel awer net bäigedroe.
© AFP

Mat enger 13. Plaz beim éischten Training huet den däitsche Pilot erëm enttäuscht. Säin Teamkolleeg Charles Leclerc konnt d’Stëmmung awer bësse retten, mat enger 3. Plaz. De Valtteri Bottas gouf Éischten an de Max Verstappen koum op déi 2. Plaz. De Weltmeeschter Lewis Hamilton ass Véierte ginn.

D’Course, déi um Mugello Circuit e Sonnde gefuer gëtt, ass den 1.000. Grousse Präis fir Ferrari, an dat op hirem eegene Circuit.

Den éischten Training zu Mugello ass eng Premiere an dëser Corona-Saison, well och Fans op den Tribüne waren. D’Organisateure kruten eng Autorisatioun fir bis zu 3.000 Fans dierfte mat derbäi ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO