Dakar Rally 2021Brabec wënnt Prolog um Motorrad, Al-Attiyah um Auto

Andy Brücker
Den 2. Januar war den Optakt vum Dakar Rally 2021, dëst mat engem Prolog iwwer 11 Kilometer. Et bleiwen nach 12 Etappen ze fueren, dëst bis den 15. Januar.

De Prolog um Samschdeg war wéi gesot just 11 Kilometer laang, erméiglecht et awer fir déi 1. Etapp eng Startreiefolleg opzestellen, déi zumindest schonn emol eng kleng Richtung virgëtt, mat wéi enge Piloten een dëst Joer rechne muss.

Bei de Motorrieder konnt sech den Amerikaner Ricky Brabec (Honda) behaapten, dat virum Joan Barreda (Honda) aus Spuenien an dem Daniel Sanders (KTM) aus Australien.

© AFP-Archiv

Bei den Autoe war et de Qatari Nasser Al-Attiyah, deen d’Beschtzäit gefuer ass, dëst op engem Toyota Hilux. Hannendru kommen de Yazeed Al Rajhi (Toyota) an de Jakup Przygonski och op Toyota. De Sébastien Loeb koum um Hunter TBC op Plaz 8.

Resultater am IwwerbléckBis de 15. Januar heescht et elo fir all d’Starter 7.646 Kilometer mat hirem Gefier hannert sech ze bréngen, 4.767 dovunner gi chronometréiert.

Iwwersiicht vun den Etappen

DatumStart - ZilDistanz (Km)Wäertung (Km)
3.1.Jeddah - Bisha622277
4.1.Bisha - Wadi Ad-Dawasir685457
5.1.Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir630403
6.1.Wadi Ad-Dawasir - Riyadh813337
7.1.Riyadh - Buraydah625456
8.1.Buraydah - Ha’il655448
9.1.Roudag--
10.1.Ha’il - Sakaka (M)737471
11.1.Sakaka (M) - Neom709375
12.1.Neom - Neom579465
13.1.Neom - Al-Ula583342
14.1.Al-Ula - Yanbu557511
15.1.Yanbu - Jeddah452225
GESAMT7.6464.767

Back to Top
CIM LOGO