
D’FIA, déi international Automobilsportfederatioun an d’Formel 1 hunn an engem Communiqué matgedeelt, dass vun 2026 un eng 11. Ecurie an der Startopstellung ze fannen ass. Mat Cadillac kënnt domadder, nieft Haas, eng weider amerikanesch Ecurie an d’Kinneksklass vum Automobilsport.
“D’FIA an d’Formel 1 kënne confirméieren, dass d’Demande vun General Motors an TWG Motorsports, fir mat engem Cadillac-Team un der Weltmeeschterschaft 2026 deelzehuelen, no enger Analys vun hire sportlechen, techneschen a kommerzielle Volete confirméiert gëtt”, heescht et am Communiqué.
De Stefano Domenicali ass houfreg, eng weider Ecurie an der Formel 1 begréissen ze kënnen. “Ech wëll General Motors an TWG Motorsports Merci soe fir hiert konstruktiivt Engagement iwwer vill Méint a mir freeën eis, d’Ekipp vun 2026 u begréissen ze kënnen.”
Am November hat et sech jo schonn ugedeit, dass Cadillac an d’Formel 1 kéint eraklammen.