
De Carlos Rivas huet sech am Porsche Carrera Cup Däitschland fir déi 3. Kéier den Titel bei den Amateure geséchert. De Lëtzebuerger stoung e Samschdeg bei der éischter Course um Hockenheimring a senger Kategorie ganz uewen um Podium an huet domadder den Titel perfekt gemaach. An der ganzer Course war et déi 18. Plaz.
E Sonndeg ass de Carlos Rivas de 16. ginn.
De Larry ten Voorde ass iwwerdeems alen an neie Champion am Porsche Carrera Cup Däitschland ginn.