
Am beschten aus der Affär gezunn huet sech de Charel Valentiny um Subaru Impreza WRX. Hien huet do mat Sécherheet och vum Allrad profitéiert, nodeems et nawell zolidd gereent huet de ganze Weekend. Seng Beschtzäit steet um Enn bei 1min02,786.
Direkt hannendru kënnt de Canio Marchione um BMW 320 STW. Seng Beschtzäit loung bei 1min02,911. Hie war um Enn ganz zefridden, well déi Zäit quasi identesch war mat senger Zäit vun zejoert, wou em dréchene gefuer gouf.

Nächste Lëtzebuerger an der Wäertung ass den Nico Schilling um Subaru Impreza WRX. An der 1. vu 4 Montéeë konnt hie seng perséinlech Beschtzäit vum Sonndeg fueren, dat an 1min05,213.
Den Daniel Donkels ass dann dëst Joer op engem neie Won ënnerwee, fir méi genee ze sinn, engem Ligier JS49 / Honda. Hie muss sech nach lues a lues un déi nei Maschinn gewinnen. Seng Beschtzäit loung bei 1min06,022.

De Cédric Schilling ass wéi gewinnt mam Mitsubishi Lancer ugetrueden. Am reng Lëtzebuerger Ranking geet et duer fir déi 5. Plaz. Seng séiersten Zäit ass en op der leschter Montée gefuer (1min09,150).
De Pascal Becker ass just 3 vun de 4 Montéeë gefuer. Seng Beschtzäit mam Renault Clio Cup loung bei 1min15,017.
Nëmme ganz knapps hannendru kënnt seng Fra Ivana Becker, och op Renault Clio Cup. Et hu just 0,174 Sekonne gefeelt, fir un d’Zäit vum Pascal Becker erunzekommen.
De François Flammang ass mam Peugeot 206 gestart. Seng Beschtzäit ass an der 1. Montée gefuer ginn a stoung bei 1min16,700.
D’Tania Flammang ass mam Volkswagen Fun Cup gefuer, dëst mat enger Zäit vun 1min18,410.
D’Monique Becker fiert mam Alfa Romeo 147 an enger Zäit vun 1min21,812 de Bierg zu Abreschviller erop.
De leschte Lëtzebuerger Lizenzéierten dee gewäert gouf, ass de Kevin Hensen op engem Volkswagen Golf 1. Seng perséinlech séierst Zäit steet no 4 Montéeë bei 1min29,105.

Fir de Sam Prickaerts ass et alles anescht wéi gutt gelaf. Hien huet iwwert de Wanter de Ford Fiesta kaf, mat deem déi lescht Joren de Max Schiltz oder de Christian Rodenbourg gefuer sinn. Zu Abreschviller ass e seng éischt Biergcourse domat gefuer, an dat och nach am Reen. Et sollt leider net gutt ausgoen... Schonn am Training huet de Fiesta Bekanntschaft mat der Leitplank gemaach, an de Weekend war domat wuertwiertlech an d’Waasser gefall.
Fir d’Sandra Becker war d’Biergcourse leider schonn eriwwer, nach éier se richteg lassgaange war. Nach virum 1. Training ass opgefall, dass d’Culasse-Dichtung um Renault Clio futti war... domat ginn et keng Punkte bei der 1. Manche vum Lëtzebuerger Championnat fir déi séier Dame vu Sada-Racing.
Wéi eng Plazen d’Lëtzebuerger am General vun der Biergcourse vun Abreschviller erreecht hätten, kënne mer Iech leider net matdeelen. D’Lëtzebuerger Piloten, grad wéi déi auslännesch Piloten, déi mat hirem Auto net an eng Klass passen, déi fir dat franséischt Championnat ausgeschriwwen ass, gi separat gewäert. Bei de Lëtzebuerger zielt dann och déi séierst Zäit, an net d’Additioun vun den Zäiten.