
D’Qualifikatioun zu Monaco ass de wichtegste Qualifying vun der Saison wëll et wärend der Course immens schwéier ass op dëser enker Streck ze iwwerhuelen.
Ferrari huet sech wärend den Trainingen an am Qualifying immens staark op dësem Circuit gewisen bei där d’Motorleeschtung net sou wichteg ass wéi op deenen anere Circuiten.
Zemools de Lokalmatador Charles Leclerc op Ferrari war ganz staark a konnt sech dann och d’Pole Position sécheren. Op déi zweet Plaz kënnt de Max Verstappen op Red Bull an drëtten gëtt de Valtteri Bottas op Mercedes. De Lewis Hamilton koum just op déi 7. Plaz.
Op der leschter Ronn ass de Charles Leclerc accidentéiert an de Qualifying gouf ofgebrach. Doduerch kruten e puer Fuerer d’Chance geholl fir nach eng séier lescht Ronn ze fueren.
D’Course gëtt um Sonndeg vu 14h20 un live op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.