Porsche SupercupChester Kieffer start zu Barcelona vu Plaz 14

Tom Hoffmann
Am Kader vun der Formel 1 gëtt dëse Weekend zu Barcelona déi zweet Course vum Porsche Supercup gefuer.
© Helena Clancy

E Samschdeg ass den Chester Kieffer an der Qualifikatioun fir déi zweet Course vun der Saison am Porsche Supercup op déi 16. Plaz gefuer. An der Rookie-Wäertung klasséiert sech de Lëtzebuerger als fënneftbeschte Pilot.

Nodréiglech ass de Lëtzebuerger, fir deen et déi éischt Saison am Porsche Supercup ass, nach an der Startopstellung no vir geréckelt. E Samschdeg den Owend koum ë.a. d'Nouvelle, dass de Robert de Haan (BWT Lechner Racing) wéinst enger technescher Irregularitéit um Auto disqualifizéiert gouf. Doduerch réckelt den Chester Kieffer am Klassement vun der Qualifikatioun no vir a geet vun der 14. Plaz an d'Course. D'Rookie-Klassement ass onverännert bliwwen.

Wéi sech de Lëtzebuerger an der Course schléit, kënnt Dir e Sonndeg vun 10:05 Auer u live op RTL ZWEE an RTL Play kucken.

Back to Top
CIM LOGO