
D’Qualifikatioun gouf ënner schwierege Konditioune gefuer, nämlech am Reen. Um Hockenheimring a Baden-Württemberg huet den Chester Kieffer dobäi brilléiert. Souwuel am Q1 wéi och am Q2 ass hie Beschtzäit gefuer an huet domat seng éischt Pole-Positions gefeiert.
Fir déi éischt Course war et mam Reen awer eriwwer. De Circuit war um Samschdeg zwar nach liicht fiicht, mee net naass genuch fir Reepneuen. Beim Start huet den Chester Kieffer seng Hausaufgabe gemaach, seng éischt Plaz verdeedegt an den Tempo vun der Course diktéiert. Och eng Safety-Car-Phas, déi am Carrera Cup bal schonn obligatoresch ass, huet de Lëtzebuerger net aus der Rou bruecht. Hien huet d’Konkurrenz hannert sech gehalen an domat seng zweet Victoire am General vum Carrera Cup Däitschland gefeiert. No dëser éischter Manche hat de Kieffer 16 Punkten Avance am Rookie-Klassement op den Hollänner Sam Jongejan.
D’Ausgangspositioun fir déi lescht Course vun der Saison war also gutt. Allerdéngs huet d’Wieder fir Nervositéit gesuergt. Den Hockenheimring war nämlech op verschiddene Plazen naass, op anere schonn dréchen. Verschidde Piloten hu sech fir Reepneuen decidéiert, ënner anerem den Chester Kieffer, anerer sinn op Slicks gefuer.
Am Formatiounstour huet d’Team CLRT Schumacher dunn awer d’Entschedung getraff, op Slicks ze wiesselen. Dat huet sech als déi richteg Wiel erausgestallt. D’Konsequenz war awer, dass de Lëtzebuerger seng Pole-Position verluer huet. Direkt um Ufank goung et drënner an driwwer a Spannung war garantéiert.
D’Konditiounen hunn nämlech fir vill Chaos gesuergt. Schonn um Ufank gouf eng Safety-Car-Phas ausgeléist, well verschidde Piloten op der naasser Streck mat hire Slicks vun der Streck ofkomm waren.
Wéi d'Streck ofgedréchent ass, huet de Kieffer sech mat senge Slicks nees no vir gekämpft an dobäi den Iwwerbléck behalen. Um Enn ass hien als Aachten an als beschte Rookie iwwert d’Arrivée gefuer.
Domat huet de Pilot vun CLRT Schumacher seng zéngt Rookie-Victoire am Carrera Cup Däitschland gefeiert an och d’Rookie-Klassement fir sech entscheet.
Champion am General vum Carrera Cup Däitschland gouf de Südafrikaner Keagan Masters, virum Kieffer sengem Teamkolleeg, dem Hollänner Flynt Schuring.