
An der Qualifikatioun fir déi 4. Manche vum Porsche Supercup, déi e Samschdeg de Moien zu Spa gefuer ginn ass, huet den Chester Kieffer mat enger staarker Leeschtung iwwerzeegt. De Lëtzebuerger geet e Sonndeg vun der zweeter Startplaz an als beschte Rookie an d'Course. Fir d'Pole-Position, déi sech säin Teamkolleg Flynt Schuring geséchert huet, hu just 47 Dausendstel gefeelt.
D'Course kënnt Dir muer vun 11:40 Auer u live op RTL Zwee an um RTL Play kucken.