
Si fuere fir Allied-Racing op engem Porsche 718 Cayman GT4 RS CS a koumen e Sonndeg no 40 Ronnen op déi 16. Plaz am General an op Plaz 1 an der Trophy-Wäertung. Scho samschdes war hinne genee dat selwecht Resultat gelongen.
Duerch déi zwee Resultater um Sachsenring kënnen déi zwee Lëtzebuerger Lizenzéiert Chris Kosch an Tom Kieffer hiren Titel an der Trophy-Wäertung verdeedegen. De Chris Kosch sot sech no der Course iwwerglécklech iwwert d’Titelverdeedegung, och wann déi direkt Konkurrenten e Sonndeg leider ausgefall waren. Elo kéinte si sech op déi lescht Course um Hockenheimring freeën, an déi da just nach genéissen.