Motorrad - 24h Le MansChris Leesch gëtt 16. am General

RTL Lëtzebuerg
De Weekend ass de Chris Leesch fir déi 3. Kéier d'24h vu Le Mans matgefuer. An der Superstock Klass ass hien am General mat senger Ekipp de 16. ginn.
© AFP (Archiv)

Well seng ursprénglech Ekipp hir Participatioun ofgesot hat, gouf hie kuerzfristeg vun der Ekipp OG Motorsport by Sarrazin kontaktéiert, fir an der Superstock Klass mat hirer Yamaha R1 matzefueren.

De Chris Leesch a seng Ekipp hate sech als 18. qualifizéiert, 4. fir déi Superstock Kategorie. No 2,5 Stonne ware si ewell an den Top 10 an haten déi 2. Plaz an der Superstock Klass. Wéinst de Wiederkonditiounen, déi vu Reen gepräägt waren, sinn eng Rëtsch Pilote scho fréi an der Course gefall an esou och dem Chris Leesch säin Teamkolleeg. Doduerch gouf de Moto beschiedegt. No enger Paus vu 50 Minutten sinn de Chris Leesch a Co vun der leschter Plaz aus nees an d’Course gestart. Vun do un hunn d’Piloten hiert Bescht ginn, fir no vir ze kommen, a konnte sech schlussendlech déi 16. Plaz am General sécheren (Plaz 6 an der Superstock Kategorie).

Trotzdeem ass de Chris Leesch zefridde mat senger Leeschtung. Hie wier zäitweis ënnert deenen 3 séiersten op der Streck am General gewiescht an hie géing mierken, dass eng Besserung do wier am Verglach zum leschte Joer. Op esou enger Endurance-Course a virun allem an enger 24-Stonne-Course misst alles passen, fir dono um Podium ze stoen, an et wier de Weekend net de Fall gewiescht. De Fokus wier elo no vir geriicht mat der nächster Course am spuenesche Championnat (ESBK) zu Valencia, wou de Chris Leesch erëm op senger Suzuki vum Team JEG Racing ënnerwee wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO